De Mediateur fir d’Consommatioun kann Äert Uleies refuséieren, wann:
- Dir nach net bei där anerer Partei reklaméiert hutt;
- d’Begrënnung net gerechtfertegt oder onrealistesch ass;
- sech schonn eng aner aussergeriichtlech Instanz, e Schiidsgeriicht oder en uerdentlecht Geriicht zu Lëtzebuerg oder am Ausland der Saach ugeholl hat oder huet;
- et méi wéi ee Joer hier ass, datt Dir bei där anerer Partei reklaméiert hutt;
- d’Beschäftegung mat dem Sträitfall de Fonctionnement vum Nationale Mediatiounsdéngscht fir d'Consommatioun schro géif beanträchtegen;
- et sech net ëm e Sträitfall tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann opgrond vun engem Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt handelt.