Back to top

Wie ka sech un den Nationale Mediatiounsdéngscht wenden?

Konsumenten a Geschäftsleit kënne sech un de Mediateur fir d’Consommatioun adresséieren, fir Konsumentesträitfäll am Gudden ze léisen. Konsumentesträitfäll ergi sech aus Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakter. D’Geschäftsleit mussen hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn.