Back to top

Ënner wéi engen Ëmstänn kann de Mediateur fir d’Consommatioun meng Ufro refuséieren?

De Mediateur fir d’Consommatioun kann Äert Uleies refuséieren, wann: 

  • Dir nach net bei där anerer Partei reklaméiert hutt;
  • d’Begrënnung net gerechtfertegt oder onrealistesch ass;
  • sech schonn eng aner aussergeriichtlech Instanz, e Schiidsgeriicht oder en uerdentlecht Geriicht zu Lëtzebuerg oder am Ausland der Saach ugeholl hat oder huet;
  • et méi wéi ee Joer hier ass, datt Dir bei där anerer Partei reklaméiert hutt;
  • d’Beschäftegung mat dem Sträitfall de Fonctionnement vum Nationale Mediatiounsdéngscht fir d'Consommatioun schro géif beanträchtegen;
  • et sech net ëm e Sträitfall tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann opgrond vun engem Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt handelt.